Wat Elteren eis iwwer LuxEdu schreiwen

15 Elteren erklären an hire Wierder wéi LuxEdu hire Kanner gehollef huet

Mir sinn immens stolz op déi enorm Fortschrëtter déi eis 3257+ Schüler iwwert déi lescht Joer mat der LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche gemaach hunn.

Mee am Plaz eis einfach beim Wuert ze huelen, liest Iech gären duerch wat d'Elteren zu hirer Erfarung mat LuxEdu ze soen hunn.

D'Matière déif verstoen ass fundamental

Wann d'Basis net sëtzt, ass et schwiereg grouss Schrëtt ze maachen, da bréngt et och näischt einfach endlos weider Exercicer ze léisen.

Dofir si kloer a verständlech erkläerten Themen a Konzepter e fundamentalen Deel vun der LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche:

„Kloer an einfach erkläert, et kann een d’Videoen 10 mol kucken ouni d’Gedold ze verléieren!“
— Mamm vum Sophie (5e Général)
„D’Videoerklärungen sinn kloer, an d’Exercicer mat de Léisunge passen och genau op den offizielle Programm.“
— Mamm vum Pol (6e Général)

Zumols an der Mathé ass de Sproochen-Aspekt och oft eng zousätzlech Hürd:

„Mir si begeeschtert vun Ärer App! Mäi Jong ass op 7e C an de Mathésproff schwätzt just Franséisch... D’LuxEdu Videoen op Lëtzebuergesch si kuerz a gutt erkläert an eng super Hëllef!“
— Papp vum Jo (7e Classique)

A Resultater sinn oft schonn no kuerzer Zäit ze gesinn:

„D’Manon benotzt LuxEdu eréischt säit e puer Deeg, mee säi Matheproff huet haut scho gemierkt: ‚Bei dir leeft et awer haut!‘ Hatt seet, datt hatt elo vill besser matschaffe kann, well hatt d’Thema endlech versteet.“
— Mamm vum Manon (7e Classique)

Adaptéiert Léier-Ressourcë maachen den Ënnerscheed beim Üben

Wann d'Basis bis sëtzt, gëtt och d'Üben op eemol méi einfach. Eis dynamesch Exercicer passen sech automatesch am Schwieregkeetsgrad a Fokus un d'Besoine vun Ärem Kand un.

D'LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche heescht mat méi Selbstvertrauen a Motivatioun an d'Schoul ze goen:

„Et hëlleft mengem Jong enorm vill. Seng Approche vir ze leieren ass vill besser, hie mëscht elo och d’Exercicer aus der Klass mat Freed well hien endlech versteet em wat et geet 😀“
— Mamm vum Pit (5e Classique)
„Eist Meedchen benotzt d’App mat Freed, a muss soen: ech fannen se wierklech top, alles funktionéiert intuitiv, an och de Contenu ass gutt opbereet.“
— Mamm vum Jennifer (6e Classique)

An ebe genau well alles dat widderspiegelt wat si och an der Klass gesinn, schaffen si vill selbstänneg, ouni dass Dir déi ganz Zäit musst niewendrun sëtzen.

„Hien konnt ëmmer nokucke goe wann eppes am Cours net kloer war. Einfach super, dat misst et vir all Fächer am Lycée ginn.“
— Mamm vum Luc (5e Classique)
„D’Übungen sinn perfekt ob den Programm ugepasst, an hunn him déi néideg Übung ginn.“
— Mamm vum Emma (7e Général)

D'Resultat wéist sech dann duerno och an der Nott

Mat der richteger Ënnerstëtzung ass villes machbar, mir gesinn ëmmer erëm mat Begeeschterung ewéi vill eis Schüler sech verbesseren:

„D’Léonie huet sech vun 44 am 1. Trimester op 54 am 3. Trimester verbessert. D’App huet him gehollef villes ze verstoen.“
— Mamm vum Léonie (5e Classique)
„D’Sarah huet sech vun 30 op 51 verbessert!! Hoffen dat geet elo sou gutt weider 🙏🏻“
— Mamm vum Sarah (6e Classique)
„Einfach super! Mäin Meedchen huet sech em bal 15 Punkten verbessert! Mir soen Merci!“
— Mamm vum Anne (6e Classique)
„Är App war eng enorm Hëllef! Mäin Meedchen huet säin Noexame gottseidank gepackt, ech empfeelen se bedéngungslos weider.“
— Mamm vum Joy (7e Classique)

Ob vu gutt zu besser, oder vu knapps duergaangen zu richteg zolidd, mir feieren all Kéier wann eise Schüler hier Efforten och deementspriechend belount ginn.

Firwat net och fir Äert Kand?

Wat dës Elteren erlieft hunn, kënnt Dir och einfach selwer testen.

Mat eiser 7 Deeg Testphase kënnt Dir all eise Contenu an eis App ouni Verflichtung gratis probéieren.

Esou kënnt Dir testen op d'LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche och déi optimal Léisung fir Iech an Äert Kand ass.

Student avatar 1
Student avatar 2
Student avatar 3
Student avatar 4
Student avatar 5
Student avatar 6
3257+
3257+ ugemellte Schüler

7 Deeg gratis an ouni Verflichtung testen