Wat Dir kritt, wat et kascht, a firwat Dir näischt riskéiert
Ab 69 €/Mount: d’LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche fir Äert Kand
Mat LuxEdu PLUS Abo huet Äert Kand alles beieneen, fir selbstänneg ze schaffen. Erklärungen, déi et versteet, Exercicer déi op säin Niveau ugepasst sinn, an e kloren Iwwerbléck iwwer säi Léierprogrès.
Dir hutt manner Stress, a kënnt Är Zäit fir aner Saache benotzen am Plaz all Owend Proff ze spillen.
An trotdzem bleift Dir weider aktiv iwwert Ärem Kand seng Fortschrëtt informéiert, esou dass hien/ hatt voller Selbstvertrauen an déi nächst Prüfung geet.






7 Deeg gratis, ouni Verflichtung testen
Wat LuxEdu Ärem Kand an Iech konkret bréngt
Verstoen:
Mat LuxEdu kann Äert Kand a sengem eegenen Tempo schaffen. Eis Coursen si kloer a verständlech erkläert an hien/ hatt kann sech d'Erklärungen an aller Rou esou oft ukucken ewéi néideg.
Eis Léier-Ressourcë si spezifesch op den offizielle Programm ugepasst an un Ärem Kand säin Niveau adaptéiert. Esou kann hien/ hatt d'Matière aus dem Schoulcours effizient verstoen.
Eventuell Wëssenslücken aus virege Kapitelen si schnell gefëllt, mir proposéiere passend Ressourcë fir all Kapitel aus dem Programm.
Üben:
Mat de passenden Übunge verfestegt Äert Kand dann seng Kenntnisser, a schafft ëmmer op de passenden Niveau: net frustréiert, mee och net gelangweilt.
Eis dynamesch Exercicer passe de Schwieregkeetsgrad automatesch un Äert Kand un, fir dass hien/ hatt klore Progrès gesäit ouni iwwerfuerdert ze ginn.
Mat LuxEdu übt hien/ hatt genee dat, wat an der Prüfung kënnt. D'Exercicer an der LuxEdu App passe genau bei dat wat hien/ hatt an der Klass gesäit.
Well all eis Exercicer en detailléierte Corrigé hunn, deen d'Léisung Schrëtt fir Schrëtt erkläert, kann hien/ hatt genau gesi wou nach Schwieregkeete sinn.
Meeschteren:
Äert Kand weess virun der Prüfung, op wat hien/ hatt sech konzentréiere muss. Eise KI Léier-Coach gëtt Iech konkret Recommandatiounen zu Verbesserungsméiglechkeeten.
Eis Léierrapporte weisen Iech kloer, wat an der Woch geschitt ass an Dir wësst, wou hien/ hatt drun ass, a wou hien/ hatt nach Hëllef brauch.
Esou kënnt Dir seng Efforte luewen, amplaz iwwer Hausaufgaben ze diskutéieren.
A wann een Thema awer eng Kéier méi schwiereg sollt sinn, ass zousätzlech Hëllef nëmmen e Klick ewech. Online 1-zu-1 Stonne mat verifizéierten Tuteure sinn direkt iwwer d’App buchbar.
Wat et kascht
Mat eisem LuxEdu PLUS Abo huet Äert Kand Accès op de ganze Contenu a Léier-Ressourcë schonn ab 69 €/Mount.
Am Moment offréieren mir neien Abonnenten och de LuxEdu Léier-Radar Service am Wäert vun 180 € pro Joer gratis.
Dir kënnt Ären Abo spezifesch op d'Besoine vun Ärem Kand upassen, op ee Fach oder e puer, mir proposéiere passend Optiounen.
A falls Dir eng extra gutt Affaire wëllt maache kënnt Dir vun eisem 12-Méint Spuerpräis profitéieren; weider Infoen dozou an der LuxEdu App.
Probéiert et einfach ouni Risiko aus
- 7 Deeg gratis testen, ouni Verflichtung an ouni Risiko: Dir kënnt eis App an eise ganze Contenu ausprobéieren, éier Dir Iech entscheet.
- 30 Deeg Zefriddenheets-Garantie: Wann Dir Iech fir e LuxEdu-Abo entscheet, mee net zefridde sidd, rembourséiere mir Iech de volle Montant ouni Konditiounen.
- Keen Opwand fir Iech: Nodeems Dir Iech registréiert hutt schafft Äert Kand selbstänneg, op sengem Niveau. Dir musst näischt sichen, näischt virbereeden an näischt erklären.
„Mir fannen Äre Site ganz gutt fir eise Jong! Mir hunn et och schonn u Frënn weider ginn.“






7 Deeg gratis, ouni Verflichtung testen