Esou huelt Dir dat meeschten aus den 7 Deeg Testphase eraus

An enger Woch wësst Dir, ob d’LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche bei Äert Kand passt

Et ass kloer fir Iech wéi d'LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche Ärem Kand kéint hëllefen, an Dir sidd och vun deem wat aner Elteren iwwert eis soen iwwerzeegt.

Déi eenzeg Fro, déi elo nach bleift, kann nëmmen Äert Kand beäntweren: Klappt dat och bei him?

Dofir kënnt Dir LuxEdu 7 Deeg laang gratis an ouni Verflichtung testen, mat Accès op all eise Contenu.

Fir dass Dir no dëse 7 Deeg och wierklech eng kloer Äntwert hutt, hei eise Virschlag, wéi Dir d’Testwoch am beschten ugitt.

Student avatar 1
Student avatar 2
Student avatar 3
Student avatar 4
Student avatar 5
Student avatar 6
3257+
3257+ ugemellte Schüler

7 Deeg gratis, ouni Verflichtung

Wéi Dir dat meeschten aus der Testwoch eraushuelt

D’Registréieren dauert zwou Minutten, ouni Verflichtung. Wielt dann zesumme mat Ärem Kand säi Schouljoer aus an erstellt säi Léierprofil.

Fir dass Äert Kand e Maximum vun der LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche ka profitéieren, hei e puer konkret Tipps & Tricks:

1. Fokusséiert Iech op déi aktuell Kapitelen aus der Schoul.

Benotzt eis ugepassten Exercicer a Coursë fir eventuell Wëssenslücken ze identifizéieren, déi Äert Kand dann mat Hëllef vun eise Léier-Ressource gezielt opschaffe kann.

Profitéiert vun eisen dynameschen Exercicer déi sech automatesch un den Niveau vun Ärem Kand upassen. Esou kann hien/ hatt relevant Themen effizient weider verdéiwen a festegen.

Fir dass Äert Kand dann voller Selbstvertrauen an déi nächste Prüfung geet. A selwer gesäit dass e klengen extra Effort mat Hëllef vu LuxEdu zu engem super Resultat kann féieren.

2. Hëlleft him sech an der Matière ze orientéieren.

Oft ass et net ëmmer evident fir Schüler fir direkt ze gesi wou si am beschten ufänke sollen. E bësse Guidance vun Ärer Säit kann do e groussen Ënnerscheed maachen.

Soubal hien/ hatt da bis an de richtege Rhythmus erakomm ass, schafft hien/ hatt dann och lues a lues ëmmer méi selbstänneg.

3. Lueft seng Efforten a Fortschrëtter.

No siwen Deeg kuckt Dir Iech de Léierrapport zesummen un: wat huet gutt geklappt, a wou gesäit eise KI Léier-Coach eventuell nach Verbesserungspotential?

Dëst ass och e gudde Moment, fir seng Efforten a Fortschrëtter ze luewen.

Duerno kann Äert Kand da lassleeën an ëmmer méi selbstänneg un d'Léieren erugoen.

Wat LuxEdu Iech als Elterendeel bréngt

Är Owender gehéieren nees Iech.

Dir musst net méi Proff spillen, Erklärunge sichen oder Exercicer verbesseren. Äert Kand huet alles, wat et brauch, fir eleng weiderzekommen, an Dir hutt Är Zäit fir aner Saachen.

Dir wësst, wou hien/ hatt drun ass, ouni all Owend nozefroen.

De Léierrapport weist Iech, wat et geschafft huet a wou et steet. Aus „Hues du schonn mat Léieren ugefaangen?“ gëtt „Ech hu gesinn, du bass gutt virukomm.“

Manner Diskussiounen, méi Vertrauen.

Amplaz iwwer Hausaufgaben ze streiden, kënnt Dir seng Efforte luewen, a wësst datt hien/ hatt gutt fir déi nächste Prüfung preparéiert ass.

Mir sinn iwwerzeegt dass esou wuel Äert Kand, ewéi och Dir no der Testwoch wäert kloer Fortschrëtt gesinn dass Dir vun a vu LuxEdu wäert begeeschtert sinn.

Ouni Risiko probéieren

Eis Testwoch kënnt ouni verstoppte Konditiounen, Dir kënnt eis App an all eise Contenu am Detail probéieren.

  • 7 Deeg gratis testen, ouni Verflichtung an ouni Risiko, vollen Accès op all eise Contenu.
  • Keng automatesch Aschreiwung: No der Testphas entscheet Dir selwer, ob en Abo dat Richtegt ass.
  • 30 Deeg Zefriddenheets-Garantie, wann Dir nom Ufank vum Abonnement mierkt, datt et net passt. De volle Montant, ouni Konditiounen.

Déi nächst Prüfung kënnt esou oder esou. Mat der Testwoch kann Äert Kand sech ideal preparéieren a voller Selbstvertrauen an d'Prüfung goen.

Student avatar 1
Student avatar 2
Student avatar 3
Student avatar 4
Student avatar 5
Student avatar 6
3257+
3257+ ugemellte Schüler

7 Deeg gratis, ouni Verflichtung