Är Froen, éierlech beäntwert

Ass LuxEdu déi richteg Léisung fir Äert Kand? Alles nach eng Kéier am Detail

Et ass kloer fir Iech wéi d'LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche Ärem Kand kéint hëllefen. An och wat aner Elteren vu LuxEdu soen, schéngt iwwerzeegend.

Mee natierlech ass et verständlech dass Dir nach verschidde Froen hutt.

An dësem Artikel kucke mir eis oft gestallte Froen nach eng Kéier am Detail un. Esou datt Dir mat guddem Gewëssen eng informéiert Entscheedung treffe kënnt.

„Mäi Kand gëtt jo och eleng eens. Brauche mir dat wierklech?“

Egal op et drëms geet fir aus enger gudder Nott eng ganz gutt Nott ze maachen, d'Kéier am Joer ze kréien, oder fir preventiv Problemer ze verhënneren. LuxEdu ass déi optimal Ënnerstëtzung fir Äert Kand.

Eis kloer Videoerklärungen a Léier-Notizen hëllefen d'Matière och effektiv ze verstoen. A mat eisen ugepassten Exercicer kritt Äert Kand déi néideg Übung fir an der nächster Prüfung ze glänzen.

„Mäi Kand ass net motivéiert a mécht just den absolutte Minimum.“

Eis Erfarung weist, dass ebe grad well d'Ressourcë spezifesch op de Programm an hiren Niveau ugepasst sinn, dëst de Schüler et méi einfach mëscht fir unzefänken.

Am Plaz dass si iwwerleeë musse wéi a wat si widderhuele sollen, proposéiert eis App direkt passende Contenu an Übungen. Mat LuxEdu hunn si alles wat si brauche fir direkt ze starten, einfach aloggen a lassleeën.

Zousätzlech kënnen si op LuxEdu hire Fortschrëtt kloer verfollegen, an och Dir hutt eng konkret Iwwersiicht iwwert hier Aarbecht. Esou dass Dir si aktiv luewe a motivéiere kënnt.

Wann hier Efforten och effektiv belount ginn ass dat immens motivéierend a mëscht en enormen Ënnerscheed an hirer Astellung.

„Et hëlleft mengem Jong enorm vill. Seng Approche vir ze leieren ass vill besser, hie mëscht elo och d’Exercicer aus der Klass mat Freed well hien endlech versteet em wat et geet 😀“
— Mamm vum Pit (5e Classique)

„Op YouTube, Google a ChatGPT fënnt een dat jo och alles gratis.“

Dat stëmmt, an dat kann eng super Hëllef sinn. Mee leider passen d'Erklärungen dacks net op de Lëtzebuerger Programm, si vum Niveau hier net passend oder benotzen eng aner Approche wéi an der Schoul.

An am schlëmmste Fall ass Äert Kand duerno nach méi duercherneen ewéi virdrun.

D'Léier-Ressourcen op LuxEdu si spezifesch op de Lëtzebuerger Programm ugepasst.

Si erlaben Ärem Kand d'Konzepter déi hien/ hatt schonn an der Schoul gesinn huet nach eng Kéier doheem ze widderhuelen an ze verdéiwen. An aller Rou, a sengem Tempo, an esou oft ewéi néideg.

„D’Übungen si perfekt ob de Programm ugepasst, an hunn him déi néideg Übung ginn. Hatt huet sech ëm 10 Punkte verbessert – mir sinn immens dankbar!“
— Mamm vum Emma (7e Général)

„Ass normal Nohëllef net besser?“

LuxEdu ass eng efficace a gënschteg Alternativ zu der traditioneller Nohëllef, mat där Äert Kand selwer schafft. A sengem Tempo, an op säin Niveau adaptéiert.

Fir vill Kanner bréngt dëst schonn immens vill. A falls Dir awer eng Kéier 1-zu-1 Stonne bräicht, kënnt Dir Seancë mat verifizéierten Tuteuren direkt iwwert eis App buchen.

LuxEdu bitt déi passend Ënnerstëtzung fir all Situatioun.

„Nach méi Aufgaben? Iwwerfuerdert dat si net?“

Wéi vill Äert Kand mat der LuxEdu App schafft ass ganz individuell. Wat mir awer oft gesinn ass datt eis Schüler mat LuxEdu méi effizient léieren, an doduerch méi Zäit fir aner Saachen hunn.

Verschidde Schüler benotzen d'App all Dag, wärend anerer bei Schwieregkeeten oder virun enger Prüfung méi aktiv sinn.

Dat heescht am Endeffekt ass dëst ëmmer individuell an hänkt vun de Besoine vun Ärem Kand of. Egal wéi hien/ hatt also am beschte schafft, LuxEdu kann him déi passend Ënnerstëtzung bidden.

„Gesinn ech dann op hien/ hatt eppes schafft?“

Eis Léierrapporte weisen Iech am Detail, wat Äert Kand geschafft huet a wéi et mam insgesamten Léierprogrès ausgesäit.

An awer och wou eventuell Schwieregkeete kéinte laueren, a wat Dir maache kënnt fir e méi grousse Problem ze verhënneren.

Progrès verfollegen, an Erfolleger feieren ass en integralen Deel vun der LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche. Dowéinst kritt Dir och all Woch en detailléierte Rapport iwwert d'Léieraktivitéiten vun Ärem Kand.

„Mee wat wann hien/ hatt et guer net notzt?“

Natierlech kann et gutt sinn dass Äert Kand direkt selbstänneg mat LuxEdu schafft. Mee oft brauch et zumindest am Ufank e minimale Schub fir de Prozess ze starten.

Eis Erfarung weist dass Schüler bei deenen d'Elteren zumindest am Ufank méi direkt involvéiert sinn déi beschte Resultater gesinn.

Falls et dann awer net esou klappt ewéi erhofft, ass dat natierlech och absolut kee Problem. Mat eiser 30-Deeg Zefriddenheetsgarantie sidd Dir do komplett ofgedeckt.

Falls Dir an den éischten 30 Deeg sollt gesinn dass LuxEdu awer net déi richteg Léisung fir Äert Kand ass, rembourséiere mir Iech de volle Montant, ouni weider Konditiounen.

„Nach en Abonnement, dat een net méi lass gëtt?“

Net mat LuxEdu. Dir kënnt all eise Contenu 7 Deeg laang gratis an ouni Verflichtung testen.

Falls Dir Iech fir en Abonnement entscheet, kënnt Dir mat eiser 30 Deeg Zefriddenheetsgarantie ouni Risiko ausprobéieren op LuxEdu effektiv déi richteg Léisung fir Äert Kand ass.

Wann Dir nom Abonéieren net sollt zefridde si rembourséiere mir Iech bannent 30 Deeg de volle Montant, ouni Konditiounen.

Des Weidere kënnt Dir den Abo zu all Moment ouni Pre-Avis kënnegen. Ären Accès leeft dann nach bis zum Enn vun der deementspriechender Period a verlängert sech dann duerno net weider.

Student avatar 1
Student avatar 2
Student avatar 3
Student avatar 4
Student avatar 5
Student avatar 6
3257+
3257+ ugemellte Schüler

7 Deeg gratis an ouni Verflichtung testen