Fir Elteren, déi hirem Kand déi beschten Ënnerstëtzung bidde wëllen
Wéi och Äert Kand vun der LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche profitéiere kann
Natierlech gëtt et fir d'Léiere kee Wonnermëttel, ouni Effort, kee Progrès. Mee, Dir kënnt Ärem Kand de Wee awer signifikant méi einfach maachen, an deem Dir him déi passend Ënnerstëtzung bitt.
Déi bescht Motivatioun fir Äert Kand ass wann hien/ hatt d'Gefill huet dass seng Efforten effektiv eppes bréngen.
Konkret heescht dat: Exercicer déi op eemol besser klappen, méi einfach am Cours an der Schoul matkommen, a méi Selbstvertrauen.
Mee och Är Unerkennung an aktive Luew vu sengem Effort ass extrem wichteg. Wann sech seng Ustrengungen dann zu gläicher Zäit am Idealfall och a besseren Notte widderspiggelen, motivéiert dat enorm.
Wann Dir Ärem Kand déi beschtméiglech Ënnerstëtzung bidde wëllt, maachen ugepasste Léier-Ressourcen den Ënnerscheed. An dësem Artikel erkläre mir Iech firwat d'LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche déi optimal Léisung ass.
Schrëtt 1: Verstoen
Deen éischte Schrëtt ass gläichzäiteg ee vun de wichtegsten. Well wann Äert Kand net versteet ëm wat et geet, da mëscht et och net vill Sënn einfach weider Exercicer ze maachen.
Fir d'Matière herno wierklech ze meeschteren, muss hien/ hatt fir éischt dat aktuell Thema am Detail verstoen. An awer och eventuell Lücken am Basiswëssen adresséieren déi an de Kapitelen duerno zum Problem kënne ginn.
Eis kloer erkläerte Videocoursen a Léiernotizen sinn do déi ideal Ënnerstëtzung fir Äert Kand.
Mat dësen kann hien/ hatt d'Konzepter déi schonn an der Klass behandelt goufen nach eng Kéier an aller Rou duerchgoen. A sengem Tempo, ouni Drock, an esou oft ewéi néideg.
Natierlech ginn et och eng ganz Rei un alternative Ressourcen online, mee oft passen déi dann awer net 100% op de Lëtzebuerger Programm.
A wann eng aner Approche verwendt gëtt ewéi dat wat hien/ hatt an der Schoul gesinn huet, féiert dat zu nach méi Verwirrung.
De LuxEdu Contenu an eis App si spezifesch op de Lëtzebuerger Programm ugepasst, a ginn Ärem Kand genau déi Léier-Ressourcen déi hien/ hatt brauch. Einfach a verständlech erkläert.
Schrëtt 2: Üben
Nodeems hien/ hatt d'Thematik da verstanen huet, ass et wichteg dëst Wëssen ze festegen. Konkret heescht dat da mat Exercicer an Übunge verschidden Aspekter vun deem Thema widderhuelen an testen.
Hei ass et essenziell dass de Schwieregkeetsgrad an de Fokus vun den Exercicer och effektiv bei den Niveau vun Ärem Kand passt.
Sinn d'Aufgaben ze einfach, gëtt d'Üben schnell repetitiv, an hien/ hatt schallt of. Ass de Contenu par Conter ze schwéier, féiert dat schnell zu Frustratioun an Demotivatioun.
Fir SchülerInnen ass et net ëmmer evident fir hire Progrès am An ze behalen, a Beispiller op dem passenden Niveau ze fanne fir hiert Wëssen och effektiv richteg testen ze kënnen.
Eis LuxEdu App passt de Schwieregkeetsgrad an de Fokus vun den Exercicer automatesch op d'Besoine vun Ärem Kand un. Esou sidd Dir sécher dass hien/ hatt och wierklech all d'Aspekter vun engem Thema versteet.
Eis Léier-Ressourcen sinn all kloer a verständlech opgebaut, a Schrëtt fir Schrëtt erkläert. Dëst erlaabt Ärem Kand seng Efforte ganz gezielt op déi Aspekter ze fokusséiere mat deenen et am meeschte Problemer huet.
Dës ugepasste Léier-Ressourcen an eis dynamesch Léier-Approche bidden Ärem Kand déi ideal Konditioune fir effizient ze üben an dat geléiert Wëssen ze festegen.
Schrëtt 3: Meeschteren
Fir dat geléiert dann och laangfristeg ze festegen ass et immens wichteg reegelméisseg ze widderhuelen a konsequent drun ze bleiwen. Fir dass dat geschitt ass et enorm wichteg dass hien/ hatt motivéiert bleift.
E wichtegen Aspekt heibei ass, datt hien/ hatt gesäit dass sech seng Ustrengungen dann effektiv och an de Resultater weisen.
An der LuxEdu App kann hien/ hatt säi Fortschrëtt am Detail verfollegen, a konkret gesi wou hien/ hatt sech verbessert huet.
Ären Encouragement an Unerkennung sinn eng immens wichteg Motivatioun fir Äert Kand, an essenziell fir dass hien/ hatt och längerfristeg dru bleift.
Mat eise Léierrapporten hutt Dir Ärem Kand säi Progrès am An, a kritt konkret Recommandatioune wéi Dir hien/ hatt ideal ënnerstëtze kënnt.
Zur gläicher Zäit erkennt eise KI-Coach awer och am Viraus problematesch Themen a verhënnert dass eng kleng Schwieregkeet zu engem seriöe Problem gëtt.
1-zu-1 Ënnerstëtzung fir Äert Kand
A falls Äert Kand vun enger méi intensiver Ënnerstëtzung profitéiere géif, proposéiere mir och personaliséiert Léierpläng an 1-zu-1 Stonne mat verifizéierten Tuteuren. Alles einfach a bequeem iwwert eis App buchbar.
Fir dass Dir Iech en Iwwerbléck iwwert eis Offer kënnt maachen, proposéiere mir Iech eng gratis Testphase. Mat dëser kënnt Dir eis App an all eise Contenu gratis an ouni Verflichtung 7 Deeg laang testen.
Esou kënnt Dir kucken op d'LuxEdu Verstoen, Üben, Meeschteren Léier-Approche effektiv déi optimal Léisung fir Äert Kand ass.






7 Deeg gratis an ouni Verflichtung testen