Dir denkt viraus, wärend et sech op dës Woch konzentréiert

Dir wëllt, datt Äert Kand sech all Dieren ophält, mee nach eng weider Priedegt bréngt och näischt

Seng Notte sinn am Moment an sech ganz an der Rei.

Mee vill vun der Virbereedung bleift dann awer nach bis de leschten Owend virun der Prüfung leien, an Dir wonnert Iech op ouni dee ganze Stress an Hektik net nach méi dra wier.

A wat geschitt wann de Stoff bis méi usprochsvoll gëtt? Dir wëllt, datt him spéider all d’Dieren opstinn an dass hien/ hatt seng Zukunft selwer decidéiere kann.

Dir hutt schonn e puer Mol mat him driwwer geschwat. Hien/ hatt versprécht seng Approche ze verbesseren, mee bei der nächster Prüfung leeft et dann nees genau esou ewéi ëmmer.

Dat ass frustréierend. Dir wëllt net, datt hien/ hatt eng Chance verpasst, just well hien/ hatt mat der Virbereedung ëmmer bis de leschte Moment waart.

Mee, Dir hutt awer lues a lues och keng Loscht méi fir all Woch déi selwecht Ried ze halen.

Firwat d’Suerg iwwer seng Zukunft bei him net ukënnt

Dir maacht Iech Suergen iwwert Ärem Kand seng Zukunft well Dir wësst wat duerno op Äert Kand zoukënnt.

Fir Äert Kand sinn déi Zukunftssuergen par Conter eppes Abstraktes dat wäit ewech ass, a mat deem hien/ hatt am Moment net onbedéngt vill ufänke kann.

„Dat gëtt Dir duerno besser Chancen“ gëtt him dofir nach kee konkrete Grond, dës Woch eppes anescht ze maachen.

An och wann Dir et natierlech gutt mengt, fillt sech all Priedegt och ëmmer ë bëssi esou un ewéi wann Dir him net géift vertrauen.

Den Entwécklungspsycholog David Yeager erklärt, firwat esou Rieden iwwert d'Zukunft dacks net wierken: Jugendlecher wëssen och selwer, wat gutt fir si wier.

Mee ebe grad well si d'Gefill hunn dass si an deem Thema bevormundet ginn, reagéieren si dann oft mat enger Trotzreaktioun.1

Wéi Dir op e gemeinsamen Nenner kommt

Oft ass et da méi efficace fir d'Diskussioun aus der Zukunft op konkreten Elementer aus dem Alldag ze bréngen.

Hien/ hatt muss selwer gesinn dass méi selbstännegt, a reegelméissegt schaffen zu manner Stress virun de Prüfungen, méi Selbstvertrauen an der Schoul, a bessere Resultater féiert.

A wann hien/ hatt dann gesäit dass eng gutt Organisatioun méi Zäit fir aner Saachen an Hobbye bedéit, ass dat e méi iwwerzeegend Argument wéi eng weider Priedegt.

D’Fro ass also net, wéi Dir him kloer maacht fir wat dëst wichteg fir seng Zukunft ass.

D’Fro ass: Wéi gesäit hien/ hatt selwer ganz konkret wat et him bréngt, méi organiséiert ze schaffen?

Op der nächster Säit erkläre mir Iech wéi Äert Kand mat der LuxEdu App selbstänneg an effizient ka schaffen.

Esou dass hien/ hatt sech a sengem eegene Léierparcours aktiv mat agebonne fillt, a selwer gesäit dass eng besser Organisatioun ganz konkret Virdeeler huet.

Zur gläicher Zäit kënnt Dir him säi Progrès ëmmer kloer am An behalen, a kënnt méi aktiv agräife falls d'Zeechen eventuell awer emol net an déi richteg Richtung sollte weisen.

Quellen

  1. 1.Yeager, Dahl & Dweck, 2018. Fuerschungsiwwersiicht: Informatiounen, déi Jugendlecher schonn hunn, ëmmer nees ze widderhuelen, kann als Bevormundung ukommen; Approchen, déi hire Wonsch no Respekt a Status ophuelen, hu méi Erfolleg.