Wann d’Schoulaarbecht de ganzen Owend bestëmmt
Dir wëllt, datt Äert Kand an der Schoul eens gëtt, mee Dir hutt keng Loscht méi ze streiden
Wann Dir net permanent hannert him sidd, geschitt net vill. Egal ewéi oft Dir him erkläert fir wat d'Schoul wichteg ass, u senger Motivatioun ännert dat net wierklech eppes.
Dir frot Iech lues a lues op et iwwerhaapt Sënn mëscht fir iergendeppes ze soen, am Endeffekt ännert sech jo souwisou näischt. An op déi éiweg Diskussiounen hutt Dir och keng Loscht méi.
Soubal Dir d'Schoul uschwätzt gëtt d’Gespréich erëm ugespaant, an hien/ hatt blockt of a gëtt defensiv.
Hien/ hatt huet d'Gefill dass Dir him net géift vertrauen, an Dir dofir permanent kontrolléiert. Insgesamt ass hien/ hatt frustréiert keng Kontroll iwwert d'Situatioun ze hunn.
Dir hutt d’Gefill, dass wann Dir net géift nofroen, iwwerhaapt näischt géif geschéien. A mat de momentanen Notte gesitt Dir och net wierklech vill Spillraum falls eppes sollt schif goen.
Dir wëllt natierlech datt hien/ hatt d’Schoul eescht hëlt. Mee Dir hutt och keng Loscht méi, all Owend nees doriwwer ze streiden.
Firwat d'Diskussioun all Owend nees vu vir ufänkt
Soulaang net ausgemaach ass, wat „genuch fir d'Schoul schaffen“ heescht, féiert dat all Owend nees zu Diskussiounen. Oft eben och genau dann, wann all Mënsch midd ass, a sech léiwer mat anere Saache géif beschäftegen.
Dofir ass et wichteg dass Dir Är Erwaardunge kloer kommunizéiert, an zesumme mat Ärem Kand kuckt wéi Dir him méi Selbstverantwortung kënnt iwwerloossen.
Studie weisen: Dass wann Kanner an esou Situatiounen hir Meenung ausdrécke, a matentscheede kënnen, dat een postivien Impakt op hier Motivatioun a Selbststännegkeet huet.1
Wéi Dir e gemeinsamen Aarbechtsrhythmus ausschaffe kënnt
Ee wichtege Punkt ass, dass Dir zesummen ofmaacht wéini „Schoulschaffzäiten“ sinn a wéi d'Schoul ronderëm aner Verflichtunge passt.
Ginn d'Hausaufgaben no oder virun dem Training oder dem Hobby gemaach? Schafft Äert Kand léiwer an engem laange Block, oder léiwer iwwert den Nomëtte verdeelt?
Léiwer Weekends Moies oder am Nomëtten?
Dës Diskussiounen hëllefen Iech e Plang festzeleeën un deem Äert Kand sech orientéiere kann.
Zu gläicher Zäit kënnt Dir dann awer och kloer op dëse Plang verweise falls et ze Diskussioune komme sollt.
Am Idealfall kënnt Dir Iech dann ëmmer méi eraushalen, an Äert Kand schafft zum gréissten Deel selbstänneg.
Op der nächster Säit erkläre mir Iech wéi Äert Kand mat LuxEdu selbstänneg schaffen kann. Esou dass hien/ hatt sech a sengem eegene Léierparcours aktiv mat agebonne fillt.
Zu gläicher Zäit hutt Dir him säi Progrès weider am An, a kënnt reagéiere falls et eventuell awer emol net an déi richteg Richtung sollt goen.
Quellen
- 1.Vasquez et al., 2016. Meta-Analys iwwer elterlech Autonomieënnerstëtzung; Zesummenhäng, keng Ursaachebeweiser.