Wann Dir hëllefe wëllt, mee d’Method net kennt

Dir wëllt bei den Hausaufgaben hëllefen, mee Dir wësst net ëmmer, wéi

Äert Kand weist Iech eng Aufgab, bei där hien/ hatt net weiderkënnt.

Dir liest Iech den Exercice zweemol duerch, a mierkt „Puuh, un dat dote kann ech mech zwar elo och net méi esou ganz erënneren“.

An alles wat Dir op Google, YouTube an sou weider fannt passt dann och net esou 100%, oder ass net wierklech eng Hëllef.

A fir Iech eng hallef Stonn laang duerch d'Äntwert vum ChatGPT etc. ze knaen huet Dir och weder Loscht nach Zäit.

„Esou hu mir dat awer net an der Klass gesinn“

Mee villäicht hutt Dir jo och Chance an Dir kënnt Iech effektiv nach un dat Thema aus Ärer Lycées-Zäit erënneren.

Erliichtert erkläert Dir da Schrëtt fir Schrëtt wéi een den Exercice léist. Nëmme fir dass hien/ hatt Iech skeptesch ukuckt a seet „An der Schoul hu mir awer eng aner Methode gesinn“.

No enger hallwer Stonn sidd Dir allebéid gestresst, genervt, an nach méi duerchernee wéi virdrun.

Oder de Cours ass an enger Sprooch, an där Dir Iech net sécher genuch fillt, fir d'Matière ze erklären.

Dat ass kee gutt Gefill. Dir wëllt net, datt hien/ hatt eleng virun där Schwieregkeet sëtzt, mee Dir wëllt him natierlech awer och näischt Falsches zielen.

Dir hutt besser Saachen ze di wéi um Internet no Erklärungen ze sichen

Effektiv ass et oft esou dass Ressourcen déi een um Internet fënnt aner Methoden an Approchë benotzen, oder vum Niveau hier net passen.

Dëst féiert da schnell dozou dass Äert Kand nach méi duerchernee gëtt, an nach méi d'Flemm huet wéi virdrunner.

An och fir Iech ass dëse ganze Prozess nerveg, an hëlt vill Zäit fort. Nëmme fir dass Dir duerno dann erëm genau do ukommt wou Dir ugefaangen hutt.

Eng besser Alternative dozou si spezifesch un de Lëtzebuerger Programm ugepasste Ressourcen. Am Idealfall net nëmmen Exercicer, mee och detailléiert Léisungsweer an Erklärungen.

Ebe grad fir dass Dir net alles selwer nosichen oder erkläre kënne musst.

Op der nächster Säit gesitt Dir, wéi hien/ hatt mat LuxEdu genau déi Ënnerstëtzung kritt déi hien/ hatt brauch, ouni dass Dir Är Fräizäit opfere musst.