Äert Kand kéint et eigentlech, mee wann Dir net hannendrun sidd geschitt net vill
Dir wësst, datt Äert Kand et kann, mee Dir hutt keng Loscht méi ëmmer nees nozefroen
Wann hien/ hatt bis ugefaangen huet, kritt hien/ hatt d’Aarbecht meeschtens hin. Mee éier et esou wäit ass, musst Dir nofroen, hien/ hatt erënneren, an dacks och konkret virginn, mat wat hien/ hatt ufänke soll.
Dat ass frustréierend, well Dir gesitt, datt Äert Kand et och eleng kéint.
Dir wëllt him méi Verantwortung iwwerloossen. Mee, Dir sidd net sécher, ob iwwerhaapt eppes geschitt, wann Dir Iech zeréckhaalt.
Also spillt Dir erëm Léierpolice, obwuel Dir genee dovun wëllt ewechkommen.
Am Moment läit d’Verantwortung dacks bei Iech
Och wann hien/ hatt d’Hausaufgabe schlussendlech mécht, sidd Dir et, dee dofir suerge muss, datt eppes geschitt. Dat ass all Dag eng nerveg Aufgab méi, déi Dir am Kapp behale musst.
Dir wëllt, datt hien/ hatt och selwer drun denkt, a méi selbstänneg schafft. Mee einfach näischt méi soen ass och schwéier, wann Dir net wësst, ob hien/ hatt déi Verantwortung dann och effektiv iwwerhëlt.
Natierlech wëllt Dir och net, datt dëst Schouljoer zu enger Katastroph gëtt.
Also frot Dir alt erëm no wéi et mam Léieren ausgesäit.
Firwat Ären Asaz esou guer kéint kontraproduktiv sinn
Dass Äert Kand net aktiv Verantwortung iwwerhëlt muss net eppes mat Fläiss oder Motivatioun ze dinn hunn.
Soulaang Dir d'Roll vun der Léierpolice iwwerhuelt, muss hien/ hatt jo net dorunner denken.
Fir Äert Kand ass de ganzen „Planning“ vu sengen Efforten doduerch net seng Saach, mee Är.
An all Kéier wann Dir agräift, vermëttelt dëst him dann och ë bëssi d'Gefill dass Dir him et net zoutraut dat ganz eleng ze reegelen.
Den Entwécklungspsycholog David Yeager ënnersträicht, wéi wichteg et fir Jugendlecher ass, respektéiert an eescht geholl ze ginn.1 Wien sech kontrolléiert fillt, wiert sech éischter, amplaz Verantwortung ze iwwerhuelen.
Esou entsteet eng negativ Spiral: Well Dir keen Effort vu senger Säit aus gesitt erënnert Dir hien/ hatt dass et Zäit ass aktiv ze ginn.
An zu gläicher Zäit fänkt hien/ hatt net un ebe genau well Dir hien/ hatt jo drun erënnert.
Firwat ganz ophalen och keng Léisung ass
„Jo mee wann dat esou ass, da loossen ech et eben“, denkt Dir Iech vläicht.
Leider ass dat och keng ideal Léisung, am Endeffekt huet Äert Kand einfach nach net de Reflex a Rhythmus opgebaut fir dat alles eleng unzegoen.
Oft ass et besser dat ganzt Schrëtt fir Schrëtt unzegoen.
Soss riskéiert Dir dass d'Resultat an der nächster Prüfung zur totaler Katastroph gëtt, an dass Dir dann erëm an den alen Modus sprangt.
Fir dës Ëmstellung ass et wichteg dass Dir hien/ hatt direkt an d'Diskussioun abannt, an och seng Positiounen a Virschléi eescht huelt.
Konkret heescht dat, maacht zesummen aus wéini Hausaufgabe gemaach ginn, a wéini geléiert gëtt. An awer och wéi hien/ hatt mengt dass dëst am beschte mat sengen Hobbyen an Interessie ka vereinbaart ginn.
Interaktiv Léier-Ressourcë kënnen dëst méi einfach maachen an Iech, an awer och him, e kloren an neutralen Abléck an seng Efforte ginn.
Dëst mëscht et dann och méi einfach fir hien/ hatt effektiv Verantwortung ze iwwerhuelen.
Esou kënnt Dir Iech da mat rouegem Gewësse Stéck fir Stéck ëmmer manner mat dësem Thema beschäftegen.
Op der nächster Säit gesitt Dir, wéi d'LuxEdu App Iech hëllefe kann dëse Prozess esou einfach a stressfräi ewéi méiglech ze maachen.
Quellen
- 1.Yeager, Dahl & Dweck, 2018. Fuerschungsiwwersiicht iwwer Status a Respekt am Jugendalter.