Wann d’Schoul op eemol Frustratioun a Stress mat sech bréngt
Äert Kand fänkt un, u sech ze zweiwelen. Dir sidd net sécher, wéi vill Dir hëllefe sollt
Bis elo ass Äert Kand an der Schoul meeschtens gutt eens ginn. Och bei Themen, déi anere Kanner méi schwéier gefall sinn, huet hien/ hatt seng Aarbecht selbstänneg an ouni gréisser Problemer gemaach.
An de leschte Wochen hutt Dir awer gemierkt, datt sech eppes geännert huet.
D’Aufgabe dauere méi laang, hien/ hatt gëtt méi séier frustréiert, an Dir mierkt, datt hien/ hatt sech manner zoutraut. E Fach, dat hien/ hatt soss gär gemaach huet, gëtt ëmmer méi eng Belaaschtung.
Dir wëllt Äert Kand natierlech esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzen.
Mee grad well et bis elo gutt gaangen ass, ass et schwéier anzeschätzen. Ass dat einfach den normalen Léierprozess bei engem méi usprochsvolle Kapitel?
Oder brauch hien/ hatt eventuell méi Hëllef, fir weiderzekommen?
Dir wëllt näischt iwwersinn, mee och net ze vill iwwerhuelen
Dir maacht Iech Suergen, datt d’Schwieregkeete méi grouss ginn, wann Dir ze laang ofwaart.
Gläichzäiteg wëllt Dir hien/ hatt awer och net dru gewinnen, datt Dir all Kéier iwwerhuelt, soubal et schwéier gëtt. Hien/ hatt soll sech och zoutrauen, eleng eens ze ginn.
Mee u senger Frustratioun eleng kënnt Dir net erkennen, wéi vill Hëllef néideg ass.
An hien/ hatt kann Iech et dacks och net soen. Firwat dat esou ass, huet domat ze dinn, wéi hien/ hatt bis elo geléiert huet.
Firwat grad staark Schüler op eemol hänke bleiwen
Bis elo huet alles am Cours intuitiv Sënn gemaach, an d’Aufgaben hunn ouni vill nozedenken geklappt.
Mee eng Aufgab ass meeschtens eng Kette vu logesche Schrëtt. Wann eng eenzeg Etapp oder eng Grondlag net sëtzt, fillt sech déi ganz Aufgab op eemol schwéier un.
Mee grad well et bis elo esou gutt gaangen ass, huet hien/ hatt wéineg Übung dran, ze erkenne, wou d’Problematik effektiv léit.
Op „Wat verstees du dann net?“ kënnt dofir dacks just: „Alles.“
Hien/ hatt fillt sech schnell verluer a weess net, wéi hien/ hatt dorobber reagéiere soll.
Am Endeffekt weist dat sech dann ëmmer méi a Frustratioun, a falender Motivatioun a manner Selbstvertrauen.
Einfach blann drop lass schaffen bréngt et och net
Well et bis elo ouni Schwieregkeete gelaf ass, heescht dat och oft, datt hien/ hatt méi ineffizient un esou eng Situatioun erugeet.
Meeschtens ass den éischte Reflex ëmmer erëm déi nämmlecht Exercicer ze probéieren.
Mee esou eng onpräzis Approche bréngt oft nëmmen nach méi Frustratioun. Well hien/ hatt de Knackpunkt net isoléiere kann, bréngt et och näischt, einfach weider Übungen ze maachen.
Ëmmer erëm falsch Äntwerten ze hunn oder net ze wëssen, wéi hien/ hatt den Exercice ugoe soll, ass immens démotivéierend.
Am Endeffekt ass de Problem also net, datt hien/ hatt ze wéineg mécht. Mee, datt seng Efforten net do ukommen, wou hien/ hatt se am meeschte brauch.
Déi richteg Ressourcë maachen den Ënnerscheed
Een éischte wichtege Schrëtt ass also ze isoléieren, wou d’Problematik léit, fir sech da gezielt an effizient dorob ze fokuséieren.
Mee dofir braucht hien/ hatt Ressourcen, déi him an all Detail, Schrëtt fir Schrëtt erklären, wéi een un den Exercice erugeet.
An awer och déi néideg Erklärunge vum Grondwëssen. Esou datt eventuell Verständnislücken schnell opgeschafft an aus dem Wee geraumt kënne ginn.
Dës Kombinatioun erlaabt him dann ebe genau ze verstoen, wou de Problem ass, an déi Lücken ze stopfen. Fir duerno bei weideren Übunge gezielt ze kucken, ob hien/ hatt dëse Schrëtt da korrekt hikritt.
Mee all déi Frustratioun, Stress an Ëmstänn mussen net sinn.
Op der nächster Säit gesitt Dir, wéi hien/ hatt mat der LuxEdu App gezielt erausfanne kann, wou d’Problematik léit, a wéi Dir dës da mat eisen ugepasste Ressourcen opschaffe kënnt.